Invitatioun CSJ Nationalkongress – 8. Dezember zu Dummeldeng
Den 8. Dezember ass den CSJ-Nationalkongress am Centre sociétaire et culturel “Drescherhaus” zu Dummeldeng – 26A, rue du Château L-1329 Lux.-Dommeldange.
Wéi et eis Statute no enger Chamberwahl virgesinn, gëtt den CSJ-Nationalcomité op dësem Kongress nei gewielt.
All weider wichteg Dokumenter fir de Kongress fannt dir op dëser Säit. Wann dir Froen hutt, kënnt dir se gären un csj@csj.lu schécken.