internet

Jeff Cigrand

Mäin Numm ass Jeff Cigrand.

Ech si BTSGP – Student an a menger Fräizäit informéieren ech mech iwwer d’Weltpolitik, sinn aktiv bei de Scouten a programméieren.

E Satz iwwert mech :

D’Welt ass net nëmme schwaarz a wäiss, net alles kann ee mat Jo an Nee beäntwerten. Mee zesumme kann een eng Léisung fannen.

Ech engagéiere mech politesch , well et kann einfach net wouer sinn, dass déi Jonk ignoréiert ginn an déi sougenannten “nei Medien” ëmmer méi ageschränkt gi just well e puer Leit et net wëlle verstoen.

Keng Autossteier, dofir eng Vignette fir jiddereen

Invité vun der Redaktioun (2. Oktober) Marc GoergenËffentlechen Transport iwwer eng Auto-Vignette couvréieren

D’Mobilitéit dominéiert dës Woch op RTL – zwou Woche virun de Walen. D’Piraten hu sech an hirem Programm villes afale gelooss …

D’Pirate wëllen an d’Chamber. Zwee Sëtz peile se un, si wëlle mat gestalten.

De Pirat Joshua Ginter war mat als Aktivist an den Hambacher Forst

De Konflikt ëm den Hambacher Forst geet virun. E puer Deeg nom Doud vun engem Journalist, huet déi lokal Police ugefaangen de Site ze raumen an d’Bamhaiser ofzebauen. Do protestéieren Aktiviste géint d’Ofholze vum Bësch a géint ee Projet vum Energiekonzern RWE fir Braunkohle ofzebauen an domat Energie ze produzéieren.

Artikel op 100komma7

Pages