Jonk Piraten

Christophe Quintus

Mäin Numm ass Christophe Quintus, ech komme vu Péiteng a sinn 28 Joer jonk.
Nodeems ech meng 13e am Joer 2012 am LTMA zu Péiteng gemaach hunn, sinn ech och nach e BTS als „Gestionnaire Comptable Fiscal“ an den ECG um Geesseknäppche maache gaangen.

No e puer kuerze Jobs hunn ech dann am Februar 2017 meng Nominatioun am Escher Theater als Fonctionnaire Communal kritt.

Wahlowend 2018 am HQ

Gemeinsam d´Wahlresultat kucken!
Jiddereen ass wëllkomm.

Umeldung op ahoi@piratepartei.lu

Adress: 1a route de Luxembourg, Kopstal.

Zelt virun eisem HQ + eise Konferenzraum mat TV.

Mat LIVE Iwwerdroung vun der RTL Wahlsendung.

– Gedrénks (Flatrate: 10 €)
– Foodtruck mat Burger (3 €)
– Free WIFI

Ab 16 Auer

Facebook Event

 

Andy Maar

Andy Maar (34, vu Reiler), Informatiker

Nodeems ech am Minett opgewuess sinn an och do am LTE meng Ausbildung als Kommunikatiounselektroniker gemaach hunn, huet et mech virun elo 10 Joer an dat schéint Éislek verschloen. Mäi Brout verdéngen ech säit elo mëttlerweil 10 Joer als Informatiker fir de Justizministère.

Famill a Soziales: Wat Politiker de Famillje virschloen

ELO AM REPLAY – 2. Table rondeFamill a Soziales: Wat Politiker de Famillje virschloen

Méi Congé parental, manner schaffen oder méi Geldleeschtungen? Wat brauchen d’Leit wierklech? A wat soe Kandidate fir d’Walen dozou?

Anklicken um

http://www.rtl.lu/letzebuerg/1241962.html

 

Invitéiert waren:

Jil Michels

Mäin Numm ass Jil Michels.

Ech hu 35 Joer,sinn zu Lëtzebuerg gebuer an hu meng ganz Schoulen och hei zu

Lëtzebuerg gemaach. 20 Joer hunn ech Basket gespillt a sinn nach ëmmer Sport begeeschtert

(Yoga,Lafen an an an). Musek,Konscht a Frënn a Famill dierfen och am Alldag

net feelen. Ech wunnen a schaffen an der Staat an huelen all Dag de Bus oder

de Véloh fir a mäin Buttek. Ech sinn definitiv motivéiert a mir net ze schued fir

mech fir Iech an ze setzen. Ech si realistesch an oppe fir Kritik an nei Ideen.

Sven Cannivy

Mäin Numm ass Sven Cannivy. 

Zanter 2015 sinn ech Software-Entwéckler bei enger grousser Firma zu Contern.

A menger Fräizäit maachen ech gäre Sport, Schwammen eleng a Volleyball mat Kollegen. Doriwwer eraus sinn ech am Beräich E-Sports hei zu Lëtzebuerg aktiv. Netflix an “chillen” sollen do awer och net ze kuerz kommen.

Ech sinn e jonke Mënsch dee säi Wee an der grousser Welt fënnt. Ech kucke gären iwwert den Tellerrand a si kee Frënd vu willkürleche Grenzen.

Pages