Jugend-Schëffleng

Ferriminera-Arts-Festival 2015

Fir eng éischte Kéier huet d'Jugendkommissioun vun der Schëfflenger Gemeng 2015 de Ferriminera-Arts-Festival organiséiert: eng ganz Woch mat Konschtatelieren an all Owend engem ofwiesslungsräiche kulturelle Programm fir Jonk an Aal! 

Mir soen alle Veräiner Merci fir hiren Engagement an all deenen, déi laanscht kucke komm a matgemaach hunn Merci fir hiren Interessi!

Dem Paul an dem Tessy e grousse Merci fir déi flott Fotoen!

Fotoen vum Ferriminera-Arts-Festival 2015

Formatioun 'Animateur A' 2015

 

2015 huet d'Schëfflenger Gemeng an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus eng éischte Kéier d'Formatioun fir Animateuren fir d'Vakanzenaktivitéiten ugebueden. 11 Jonker hunn un 2 Weekender an engem Teamdag deelgeholl. Mir felicitéiueren hinnen zu hirem Diplom a wënschen hinne vill Erfolleg an hirer Aarbecht als Animateur.

Fotoe vun der Formatioun Animateur A

Job-Info-Day 2015

Den 20. Mee 2015 huet d'Schëfflenger Gemeng en Job-Info-Dag organiséiert, wou Jugendlecher a jonk Erwuessener sech iwwert hir Méiglechkeeten an de Beräicher Schoulen, Ausbildung, Aarbecht an Engagement konnten informéieren. Mir soen de Patronen an Organisatioune Merci, déi sech deen Dag Zäit geholl hunn fir de Jonke Leit Fro an Äntwert ze stoen!

D'Fotoen vum Event fann Dir ënnert dësem Link.

Nuit du Sport 2015

 

De 16. Mee 2015 huet d'Schëfflenger Gemeng fir eng 2. Kéier un der nationaler Nuit du Sport deelgeholl.

Nom Warm-up mëttes op der Gemengeplaz, gouf et Owes an enger ganzer Rei Atelieren a Statiounen vill verschidde Sportaarten ze entdecken. Iwwer 230 Leit haten sech ageschriwwen fir aktiv deelzehuelen! Organiséiert gouf den Dag vun der Jugendkommissioun an Zesummenaarbecht mat enger ganzer Rei Veräiner, deene mir villmols Merci soen fir hiren Engagement.