Jugendparlament

Entrevue mam Jugend Parlament

Mir hunn eis mat de Piraten, d’Marie-Paule an de Marc an mam Jugend Parlament gedanken iwwert eis Zukunft gemeet. Et goufe 4 Themen ungeschwat déi dëst Joer ee groussen Impakt op d’Politescht Bild zu Lëtzebuerg, opmannst fir d’Jugend.

Jugendparlament: Wéi eng Zukunft fir de Projet?

D’Decisioun vun der Jugendkonferenz fir de President vum Jugendparlament ofzesetzen stéisst net op Unanimitéit. Am Kär vun der Diskussioun steet d’Fro no der Ausriichtung vum Projet Jugendparlament.

Zesumme mat 3 anere Membere vum Jugendparlament huet d’Margot Delaunois gëschter en oppene Bréif un d’Press adresséiert: d’Decisioun vun der CGJL stéisst hei op Kritik. Eng Decisioun, déi net begrënnt gi wier, sou d’Margot Delaunois.

President vum Jugendparlament ofgesat

De President vum Jugendparlament an LSAP-Member Patrick Weymerskirch ass vum Daachverband vun de Jugendorganisatioune CGJL ofgesat, an aus dem Jugendparlament ausgeschloss ginn. Als Ursaach seet am 100,7 Interview de President vun der CGJL Maurice Losch, datt sech de Betraffenen net un d‘Spillregele gehalen hätt. Wat him genee virgeworf gëtt, wollt de Maurice Losch net soen. – De Patrick Weymerskirch, gehait der Jugendkonferenz en “Coup Monté” an eng perséinlech Attack géint hie fir, mam Ziel fir den Afloss vum Jugendparlament wëllen ze bremsen.