Lëtzebuerg

Vun engem eemolege Fauxpas zu engem systemateschen Interessekonflikt!

Schonn erëm huet d’Corinne Cahen sech an hirer Funktioun als Familljeministesch fir hiren eegene Schongbuttek agesat. Mir stellen eis folgend Froen:

Wéi ass et mat der Deontologie vun engem Minister? Kann et sinn, datt e Minister permanent an iwwerall fir säi Buttek Reklamm mécht? Hu mir hei kee flagrante Conflit d’intérêts oder souguer abus de pouvoir?

E Ministerposten däerf kee Self-service Buttek si fir privat Interessien ze fërderen!

Gréng Politiker, Gréng Gesetzer, Gréng Ausnamen?

Wärend Joren an der Oppositioun, hunn déi gréng héchsten Transparenz vu Säite vun der Regierung gefuerdert. Wou bleift dës haut?

• Keng kloer Äntwerten am Fall Traversini
• Keng Stellungnam an der Causa Ieselstall Dieschbourg
• D’Ministesch verstoppt sech hannert hire Beamten
• Favorismus fir gréng Parteikolleegen?

Sinn Déi Gréng nach kredibel?

D’CSJ fuerdert eng transparent Opklärung vun deene genannte Fäll, an eng eenheetlech an éierlech Kommunikatioun un d’Ëffentlechkeet.

D’Ministesch selwer muss sech zu den Affären äusseren!

MIR BRAUCHEN ELO ENDLECH TRANSPARENZ AN OPKLÄRUNG

MIR BRAUCHEN ELO ENDLECH TRANSPARENZ AN OPKLÄRUNG MAM ËMGANG VUN DEN DATEBANKEN VUN DER POLICE AN DER JUSTIZ

CSJ fuerdert eng parlamentaresch Enquête-Kommissioun

D’Regierung vun DP/ Déi Gréng / LSAP ass viru 6 Joer ugetruede mam Usprooch fir „d’Fënstere grouss opzerappen“ an ze lëften. Am Dossier iwwert déi legal Basis vun Datebanke vun der Police a vun der Justiz gesäit ee wéi wéineg dës Regierung, virun allem, déi gréng Ministere François Bausch a Félix Braz dësem Usprooch gerecht ginn.

EU Copyright Direktiv – Jonken Opruff un d’Europadéputéiert Meenungsfräiheet um Internet a Gefor? #SaveYourInternet

EU Copyright Direktiv – Jonken Opruff un d’Europadéputéiert Meenungsfräiheet um Internet a Gefor? #SaveYourInternet

Den Internet ass vill méi, wéi nëmmen eng Plaz fir Kleeder a Bicher ze bestellen. Et ass eng Plaz wou eng Demokratie sech kann informéieren, sech kann ausdrécken a ka mateneen diskutéieren. Et ass eng Plaz wou Wëssen fräi ka gedeelt ginn, an och eng Plaz wou Kënschtler, Journalisten, Schrëftsteller, ob professionell oder net, d’Méiglechkeeten hunn hier Wierker ze publizéieren.

Vincent Reding – Neie Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

D’CSJ ass houfreg dat de Vincent Reding um Méindeg-Owend eestëmmeg vum Gemengerot vu Weiler-la-Tour zum Buergermeeschter bestëmmt ginn ass. Als Schäffe stinn him de Bob Wagner an d’Andrée Colas zur Säit.

Den 11. Oktober 2017 huet d’CSJ an engem Communiqué de Presse Verantwortung fir de Vincent Reding gefuerdert. Hie konnt säin excellent Resultat vun de Gemengewahlen 2017 elo bei de Chamberwahle vum 14. Oktober 2018 nach eng Kéier op 751* Stëmme verbesseren an ass domat erëm Éischt Gewielten a senger Gemeng Weiler-la-Tour.

Invitatioun CSJ-Nationalkongress 2018

Den 3. Mäerz: Häerzlech Wëllkomm zu Walfer!

Den 3. Mäerz ass den CSJ-Nationalkongress zu Walfer am Centre Prince Henri – 3, route de Diekirch. Am Mëttelpunkt stinn de Réckbléck op dat vergaangent Joer – ë.a. d’Gemengewahlen – an den Ausbléck op d’Chamberwahlen 2018. Mir freeën eis zesumme mat iech déi 7 eragereechte Resolutiounen ze diskutéieren.

Pages