laika

Ënnert dem Pavé 03.08.2019 / Antisemitismus zu Lëtzebuerg

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/07/Ennert-dem-Pavé.mp3

 

An dëser Emissioun vun Ënnert dem Pavé widme mer eis dem Thema Antisemitismus. An engem längeren Interview mam Bernhard Gottlieb als President vum RIAL – Recherche et informations sur l’antisémitisme au Luxembourg – erzielt en eis iwwer perséinlech Erfarunge mam Antisemitismus, weieng Roll d’sozial Medie bei dem Thema spillt an och iwwert d’Verschwierungstheorië wäert geschwat ginn.

Ënnert dem Pavé 07.06.2019 / EU-Wahlen a Perspektiven

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/06/Ennert-dem-Pavé-Laika.mp3

 

An dëser Episode vun Ënnert dem Pave geet et em d EU Wahlen. An dräi Interviews soll et em d Resultater, d Perspektiven a Méiglechkeeten aus engem lenke Point de Vue goen.

Playlist: 

Tyler The Creator – I THINK

Nicool – Faul a Bequem

Björk – Tabula Rasa

Banks – Gimme

Ënnert dem Pavé 03.05.2019 / Politesch Konscht

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/05/2019-05-03-EDP-LAIKA.mp3

 

An dëser Episode vun Ënnert dem Pavé geht et em politesch Konscht. Mir kucken eis Konsequenzen un, mat deenen politesch KënschtlerInnen liewen  mussen, schwätzen mat KënschtlerInnen aus verschiddensten Kreeser iwwert hier Motivatiounen an Ideen an werfen een kriteschen Bléeck op “onpolitesch Konscht”.

Playlist:

Madsen – Sirenen

IDLES – Mother

Dream Wife – Somebody

Ënnert dem Pavé 05.04.2019 / Zivilen Protest

An dëser Emissioun vun Ënnert dem Pave vu Laika geet et em de ziville Protest. Organisator*inne vu Youth for Climate an der Donnerstagsdemo zu Wien bréngen eis hier Aarbecht méi no an alles wat dozou gehéiert.

Wollts de ëmmer scho mol wëssen, wei et sech ufillt 15000 Leit ze mobiliséieren? Da lauschter eran!

Playlist:

Keny Arkana – La Rage

Queen – I want it all

Disarstar – Riot

 

 

Ënnert dem Pavé 04.01.2019 – Gilets Jaunes

An der éichter Sendung vum 2019 an der éichter Sendung als Laika hu mer eis mat der Beweegung vun den Gilets Jaunes an Frankraich beschäftegt. Hier Entstehung, hier Mobiliésierung, a weifern et eng Beweegung ass dei sech mat der Klassefro auserneen setzt, mat Kritik aus dem Wort un de Gilets Jaunes a mat der enormer Repressioun déi hinnen vum franseischen Staat entgéint schléit. 

 

http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2019/01/mp3.mp3

 

Ënnert dem Pavé 7.12.2018 – Ëmbenennung an Feminismus

мы представляем вам: Laika! – Mier presentéieren ierch: Laika!

Des Emissioun am Dezember widme mer zum Deel eiser Ëmbenennung vun Jonk Lenk zu Laika. Et gëtt iwwert d”Lëtz say no to violence”-Demo vum 24. November geschwat an d’ #thisisnotconsent-Beweegung.
Ausserdeem diskutéiere mier eng  Tagung déi den 30.11 bis 1.12 zu Wien stattfonnt huet zum Thema “Materialistischer Feminismus”, déi Membere vu Laika besicht hunn.