LGS

100 Joër – Buch

Op dëser Säit kanns du däin 100 Joer Lëtzebuerger Guiden a Scoute Buch virbestellen. De Präis vum Buch läit bei 50€. D´Buch kann entweder an der Géisserei ofgeholl oder per Post verschéckt ginn (Hei kommen nach Versandkäschten dobäi). D´Rechnung kritt dir zu engem spéideren Zäitpunkt per Email geschéckt. D´Buch gëtt no der Séance Académique vum 1. Mäerz 2019... Read more »

Formation-Continue RGDP

L’Ecole Nationale de l’éducation physique et des sports (ENEPS) vum Sportsministère invitéiert op eng Formation-Continue:

La nouvelle réglementation en matière de protection des données en relation avec le milieu associatif et sportif

Den Samschden, 12 Januar vun 9h00 bis 12h00 am l’Amphitheatere du Centre National Sportif et Culturel d’Coque

Den genauen Programm an d’obligatoresch Umeldung fannt dir hei:

Ateliers de sensibilisation au développement avec les partenaires

Am Kader vun hirem 30ten Anniversaire, hat d’ONGD Guiden a Scouten zesummen mat hire Partner aus dem Niger, dem Abdoulaye Amadou an aus dem Senegal, dem Ibou Gueye, verschidden Aktivitéiten organiséiert fir esou hir Projeten an der Entwécklungserzéiung an der Sensibilisatioun enger Rei Kanner a Jonker, Schüler a Scouten, méi no ze bréngen.

Déi dräi Woche ware gutt gefëllt an d’Aktivitéite waren e grousse Succès bei deene jonke Schüler a Scouten aus de Gemenge vu Bieles, Esch /Uelzecht, Eschduerf, Lëtzebuerg, Mertert an Ëlwen, wéi déi puer Fotoen hei et weisen.

Den SNJ organiséiert am

Den SNJ organiséiert am Joer 2019 nees säi Jugendpräis
Dir kennt hei är Projet´en, déi dir mat oder fir Jugendlecher gemaach hutt erareechen. E Jury wielt déi bescht Projet´en aus a verdeelt op enger Soirée Gala attraktiv Präisser un d´Gewënner.

Méi Informatiounen fannt dir hei :

www.jugendpräis.lu

Lancement Mérite Jeunesse

Den 29 November 2018  Invitéieren LGS op hieren Lancement vum Mérite Jeunesse wou all Jonken tesch 15-23 Joer härzlech Invitéiert ass op eiser Informatiounsversamnelung deel ze huelen wou dier genee Erkläungen zum Mérite Jeuness kritt an wéi en funktionéiert,wann dier Interesséiert sidd dann zéckt net an mëllt ierch einfach iwwer dëss Mail-adress un

*protected email*

Mir freen eis op ären Besuch

Mat Beschte Guide a Scouts Gréiss

Formatioun fir Animateur spirituell

AS/ Formatioun:

gëtt vun dësem Joer un erëm nei lancéiert.

d’Formatioun besteet aus engem Weekend, engem themateschen Owend an enger praktescher Ëmsetzung vun enger spiritueller Aktivitéit

Et kritt een eng Ernennung als Animateur spirituell.

De Weekend fënnt vum 07.- 09. Dezember zu Baastenduerf am “gîte rural” 18, Haaptstrooss statt.

Ufank: freides Owes 19.00Auer – Schluss: sonndes nom Mëttegiessen.

Präis ass 50,00€

Den themateschen Owend gëtt mat de Kandidaten zesumme festgeluecht.

 

Pages