RAP Versammlung gouf ofgesoot
Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,
Aus Mangel un Umelldungen hu mer eis Versammlung zum Thema RAP leider missen ofsoen.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Biberekipp
Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,
Aus Mangel un Umelldungen hu mer eis Versammlung zum Thema RAP leider missen ofsoen.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Biberekipp
En Dënnschdeg, de 4. November 2019 ass de Parking Neipperg an der Stadt no gréissere Renovatiounsaarbechten neess opgaangen. Vum Parking Neipperg an der rue du Fort Neipperg sinn ët zu Fouss just e puer Minuten bis an de Scoutsshop. Profitéiert also vun dëser Parkméiglechkeet bei ärem nächste Besuch am Shop
Léif Scoutecheffen,
Mir hunn eis iwwer äre Besuch bei eis am Jugendzenter Märjendall, am Kader vum Festival Mosaik,
gefreet a mir hoffen dir hutt e flotten Dag bei eis verbruecht!
Well mir oft gefrot gi sinn, wat mir op eisem Site eigentlech ubidden, schécke mir iech heimadder e puer
Informatiounen zu de Méiglechkeeten déi sech iech am Jugendzenter Märjendall fir Aktivitéite mat äre
Scoutsgruppen um lokalen Niveau bidden.
Am Mariendall fannt dir:
Léif Cheftaine, Léiwe Chef,
D’Virbereedunge lafen op Héichtouren. Dat kann nëmmen e gudde Camp ginn.
Mir hunn decidéiert den Delai fir déi definitiv Umeldung an den 1. Acompte vun 150€ pro Persoun fir de “Slov’It 2020 Back to Nature” bis den 20. Dezember 2019 ze verlängeren.
Wann dir iech nach net ugemellt hutt, da maacht dat w.e.g. um Site vun de CaraPio iwwert dëse Formulaire (bis den 20.12.2019).
Kanner entdecken hir chrëschtlech Wuerzelen .
En neie Projet vun der Ekipp d’Animation spirituelle.
Nächst Treffen:
Dënschdes de 26. November um 17.00Auer an der Erwuessebildung wou d’Kanner an engem Workshop d’Traditioun vum Kleesche kenne léieren.
Samschdes den 21. Dezember huele mir zu Iechternach un der Friddensliichtsfeier deel.
Hei e puer Impressioune vun onsem éischten Treffen.
Unhand vun der biblescher Geschicht vum verluerene Schof, hu Kanner zesummen mat hiren Elteren um Neihaischen en Dag an der Natur verbruecht.
Merci em Iechternacher Grupp, dass mir dëst Joer ons Friddensliichtsfeier bäi hinne kënnen ofhalen.
Mir hunn esou wéi déi lescht Joren erëm branchespezifesch Wanderungen, eng Veillée an duerno loosse mir den Dag bäi engem Maufel gemittlechen auskléngen.
Äere Käerzeverkaf, ass e wichtege Beitrag fir onse “Partenariat mam Niger”.
Hei Detailer:
Léif Cheftaine, Léiwe Chef,
2020 gëtt e gutt Joer! Et gëtt erëm en nationale CaraPio-Camp organiséiert an dir däerft bei dësem sensationellen Evenement mat dobäi sinn.
Dir sidd nach am Campfeeling well dir grad eréischt erëm sidd, genau de richtege Moment fir ze decidéieren, wéi et weider geet.
Wéi dir zanter dem leschte Chefdag wësst, plange mir an d’Bierger a Slowenien ze goen.
Op dëser Säit fannt dir elo déi éischt Informatiounen.
Kuckt iech dat un, iwwerleet iech op dat eppes ass, fir är Trupp, fir nächste Summer a mellt iech un.