liberal

E schéinen an eegebestëmmten Liewensowend fir jiddereen

E kuerze Réckbléck wéi dëse Programmdeel entstanenen ass :

Mir hunn vill Zäit mat eeleren Léit verbruecht,sinn mat hinnen spadséieren gaangen, hunn mat hinnen gepotert a vir un allem nogelauschtert.

Mir wollten vun hinnen wëssen wéi si sech hiren Liewensowend virstellen an net hinnen verkafen wat mir mengen dat gutt fir si wär.

Dobäi ass en Thema ëmmer erëmkomm : selbstbestëmmt Liewen.

Och am Alter nach däerfen selwer ze bestëmmen, wéi a wou een wëllt liewen.

Pascal Clement

Ech engagéiere mech politesch well ech d’Zukunft wëll aktiv matgestalten.

Mäin Numm ass Pascal Clement.
Ech hunn 58 Joer Liewenserfarung, dovu méi wéi 30 Joer Beruffserfarung am Bankensektor a 25 Joer Bühnenerfarung als Zauberkënschtler.

Zënter elo bal 2 Joer sinn ech ‘haaptberuffleche’ Benevole a këmmere mech em Mënschen a Nout.

Ech engagéiere mech, als Bierger an als Politiker, wëll ech net einfach well no kucken, mä selwer aktiv zu engem besseren a respektvolle Mateneen ouni Viruerteeler wëll bei droen.

Rapport vum Kongress 2015

En Samsten, den 19. Dezember 2015 haaten d’Jonk Piraten hieren alljähregen Kongress an hun ennert aanerem en neien Präsidium/Comité gewiellt.
Mir kennen ierch mat Freet en neien an dynameschen Präsidium virstellen:
– Präsident: Christophe Quintus
– Vize: France Oly
– Trésorier: Cédric Heinen
– Secrétaire: Roy Baumann
– Comitésmemberen: Kiara Roth, Claude Feltgen, Ben Allard an den Timon Schleier.

Folterstaat USA

Zenter kuerzem ass bekannt, mat wat fir enge grujelege Methode CIA, Leit gefoltert huet.
Dëse Rapport liest sech ewéi d’ “Malleus Maleficarum” an dach ginn et nach  zenséiert Plazen déi wuel souguer der CIA ze schlëmm, oder esouguer ze Mënschenonwierdeg waren.

Jonk Piraten irritéiert iwwert latent Diskriminéierung vu transsexuelle Persounen

Am 21. Jorhonnert kéint een denken, datt d’Thema Transsexualitéit am Alldag ukomm ass an datt de Gläichbehandlungsgrondsaz fir all Mënschen ziele géif. Leider ass dem net sou wéi d’Jonk Piraten elo hu missten irritéiert feststellen. Rezenterweis gouf eng Bekannte vum Michèle Stiefer, Member vun de Jonk Piraten, vun engem Fitnessstudio als Cliente ofgeleent, just well sie am Kierper vun engem Mann gebuer gouf, deen awer mëttlerweil operativ hannert sech gelooss huet.

Pages