loisirs

Action am Mëllerdall

Du wëlls eng onvergiesslech Woch am Mëllerdall verbréngen? Du bass fit um Vëlo, hues Loscht mat neien oder ale Frënn sportlech a méi relax Aktivitéiten ze erliewen an an dräi verschiddene Jugendherbergen ze schlofen? Da bass du hei genau richteg! Mir freeën eis drop, mat dir de Mëllerdall ze entdecken!

Vampiren a Gespenster Weekend

Zu Huelmes am Schlass spuke säit Joerhonnerte Geeschter ronderëm, di hei hiert Doheem hunn. Wa bis ee Vampir un de Schlassdieren optaucht an sech och nach eng al Hex amëscht, kënnt et zum Chaos ënnert de Schlassbewunner. Wanns du wësse wëlls wat do am Schlass lass ass, da mell dech séier un!

Hollenfall

Vu Feierspäitze bis hin zu de komplizéiertsten Zauberspréch an Zaubertränk, op der berühmter Zauberschoul Hollenfall kanns du alles iwwer Magie léieren. Erlief ee Schlass voller Abenteuer, Mysterien a Rätselen. Mell dech an deng Kollege séier un an erlief dat Onvirstellbart.

Mountainbike Weekend

Du bass e leidenschaftleche Mountain-Bike Fuerer, hues well bësse Fuerkenntnis, wëlls awer gären nei Erfahrunge sammelen an och deng Technik verbesseren? Wëlls De dobäi och nach nei Leit kenneléieren a Spaass hunn? Da mell dech bei eis un a sief gespaant op eng flott Aventure.

Kolonie Emol Anescht (colonie d'intégration)

Wëlls du eng Kolonie erliewen an Éisträich, déi eemol anescht ass? An enger flotter Géigend, wou mer ënner anerem e Sky Walk maachen, bis erop op 1600m an eng wonnerschéin Alm hiken an do iwwernuechten an déi gréisste Zipline an den Alpe rocken. Wéi et sech op enger Kolonie eemol anescht gehéiert, kënne Fräizäiten zum Beispill am Wellnessberäich oder an der schéiner Alstad gemaach ginn. Den eemol anescht kënnt dohir, dass dës Kolonie fir jiddereen ass a keen Handicap en Hindernis duerstellt, ganz nom Motto „barrierefreier Urlaub“.

Mir hunn op dëser Kolonie 10 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

Check-In

Wanns du am September nach keng Loscht hues u Schoul ze denken, mee de Summer nach eng lescht Kéier a vollen Zich wëlls genéissen, da bass du zesumme mat denge Frënn genau richteg um Check-In. Hei erwaarden dech Kayak, Stand up paddle, kreativ Workshops, en Hike a vill aner genial, kreativ a lëschteg Momenter!

Erliefniskolonie

Hues du Loscht fir 10 Deeg laang super Aktivitéite matzemaachen? Fir dech mat Kollege gutt z’ameséieren an eng onvergiesslech Zäit ze verbréngen? Wëlls du selwer decidéiere wéi eng Atelieren, Aktivitéiten an Hiken dass du maache wëlls? An och de Stau mam VTT, Stand up Paddling, oder Kayak nei entdecken? Da mell och du dech schnell fir d'Erliefniskolonie um Neihaischen un.

Zeltkolonie fir eis all 2 (colonie d'intégration)

Pages