loisirs

Vulleberéngungscamp

Während dësen Deeg beobachten a berénge mir Villercher während der Migratioun zu Remerschen op de Baggerweieren. Um Programm stinn awer och nach aner Natur-Aktivitéiten, ewéi Päiperléke fänken, Reptilien an Amphibie sichen a bestëmmen, schwammen a villes méi.

4 Nuechten am Zelt

Du hues nach ni an engem Zelt geschlof a géifs et gär eng Kéier probéieren? Da komm bei eis: mir maache flott Spiller, puddelen am Waasser, bastelen a schlofen a groussen Zelter. Fir gutt Stëmmung beim Lagerfeier ass och gesuergt, dofir looss dir déi flott Zäit net entgoen!

Move and Groove - Summer Workshop

Dëse Summer invitéiere mir iech fir ze Sangen an ze Danzen! Während e puer Deeg huelen déi Jonk tëschent 8 a 16 Joer um Workshop „Move and Groove“ deel, mat engem

oofwiesslungsräiche Museksprogramm am Beräich Rock/Pop (La Bamba, Rock around the Clock, Y.M.C.A bspw.).

D‘ Anne Koch an d‘Marie Weis begleeden iech mat vill Spaass a flotten Aktivitéiten duerch de waarme Summer.

Mountainbike Camp

Du bass Mountainbike begeeschtert a gären an der Natur? Du hues Loscht am Grupp duerch de Bësch ze flitzen a vill Spaass ze hunn? Da bass de bei eis genau richteg! Ob Ufänger oder Fortgeschrëtten et ass fir jiddfereen eppes dobäi. Touren, Fuertechnik fir all Niveau, einfach Reparaturen brénge mir dir natierlech och bäi. Du hues keen eegenen MTB? Da kanns de ee bei eis oder beim SNJ léinen.

Ferienfreizeit in der Natur - Sommer

Wir laden euch ein zu unvergesslichen Sommerferien mit euren Freunden in der herrlichen Natur im Norden des Landes. Die Unterkunft erfolgt im Gruppenhaus des Klosters Fünfbrunnen, idyllisch gelegen inmitten der Natur. Die Teilnehmer können täglich bei gutem Wetter (Bach, Wald, Natur, Sport und Spiel) wie bei schlechtem Wetter (Zirkus, Lego, Basteln, u.v.m) zwischen verschiedenen Ateliers wählen. Zudem stehen im Laufe der Woche verschiedenen Ausflüge (Schwimmbad, Spielcenter, Ettelbruck, Luxemburg) auf dem Programm.

Zeltkolonie fir eis all 1 (colonie d'intégration)

Camp Erpeldange 2

Hues du Loscht 10 Deeg an Zelter bei der Sauer ze verbréngen? Nei an al Kollegen ze treffen an zesummen Tonne Spaass an Action ze erliewe bei Aktivitéite wéi z.B. Hike, Spiller ouni Grenzen oder Nuetsspill? Da mell dech séier op eisem Camp un an da gesi mer eis am Summer!

Spillvakanz

Du bass tëscht 7 an 11 Joer al a bass motivéiert bei epesche Spiller matzemaachen? Da bass du op der Spillvakanz genau richteg! D’Kolonie ass dëst Joer komplett ob d’Kopp geheit ginn! An Zelter schlofen, 2 Nuechten op den Hike an nach villes méi! Mell dech an all deng Kollege fir dës onvergiesslech Kolonie un! 

Internationale Jugendkulturwoche "Freizeit kreativ gestalten"

Bei dieser internationalen Jugendkulturwoche treffen sich junge Europäer aus Eifel und Ardennen sowie weiteren euro-päischen Regionen zur gemeinsamen aktiven Freizeitgestaltung in kreativen Ateliers (Malen/Zeichnen, DIY/Upcycling, Theater, Tanz, Zirkus, Zaubern, digitale Fotografie, Video, Geocaching, Computer/Internet,). Das Rahmen- und Freizeitprogramm sieht neben Ausflügen und gemeinsamen Unternehmungen zum Kennenlernen der Region auch Aktivitäten wie Wandern, Musizieren und Freizeitspiele vor.

Pages