Mobilitéitsminister

Wéi héich ass de staatlechen Afloss an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCH an dem SNCT wierklech?

D’SNCT soll dem Mobilitéitsminister no eng onofhängeg Gesellschaft sinn, ob déi de Staat keen Afloss huet. An trotzdeem gehéieren dem Staat 75% vun der SNCA där 100% vun der SNCT gehéiren. D’Präsenz vu staatlech genannte Memberen an de Verwaltungsréit vun der SNCA der SNCT an der SNCH léisst eis un der tatsächlecher Onofhängegkeet vun dësen Entitéiten zweiwelen, an dofir hunn mir dem Minister folgend parlamentaresch Fro gestallt: