Nuit du Sport 2015
De 16. Mee 2015 huet d'Schëfflenger Gemeng fir eng 2. Kéier un der nationaler Nuit du Sport deelgeholl.
Nom Warm-up mëttes op der Gemengeplaz, gouf et Owes an enger ganzer Rei Atelieren a Statiounen vill verschidde Sportaarten ze entdecken. Iwwer 230 Leit haten sech ageschriwwen fir aktiv deelzehuelen! Organiséiert gouf den Dag vun der Jugendkommissioun an Zesummenaarbecht mat enger ganzer Rei Veräiner, deene mir villmols Merci soen fir hiren Engagement.