“Cannabis Bündnis” wëll d’nächst Joer Debat ausbreeden
D’Cannabis Bündnis wëll am neie Joer probéieren, d’Diskussioun iwwert eng Legaliséierung vum Cannabis (besonnesch fir medizinesch Zwecker) nach méi auszebreeden. Donieft wëll d’Cannabis Bündnis, eng Allianz vu Jugend-Parteien, an deem ausser d’LSAP, d’CSV an d’ADR all Partei hier Jugend-Partei dra vertrueden huet, hier gemeinsam Positioun nach méi kloer formuléieren.