national

End of season

Dëst Joer huet Jugendhaus Sandweiler déi éischte Kéier um End of season Event deel geholl. Dësen gouf vun den Jugendhaiser Mutfert, Réimech, Schëtter, Duelem, Cirje an Criaj organiséiert. Am Mëttelpunkt stoung den Gladiator Run, wou 3 vun eisen Jonken drun deel geholl hunn an och un hier kierperlech grenzen komm sinn. Nieft dem groussen sportlechen Event, konnten déi Jonk sech nach un aneren Atelieren probéieren, wéi Skateborading, Beatboxing, Openmic, an villes méi. D’Wieder huet och matgespillt, sou datt dësen Dag een gelongent sportlech Event war mat vill Spaass an Freed.

Europapark

Jugendhaus Sandweiler war zesummen mam Jugendhaus Gaasperech den 13. September an den Europapark. Als Ofschloss vun der grousser Schoulvakanz, wollten mir eisen Jugendlechen nach een Dag voller Freed an Spaass gënnen. D’Wieder huet deen Dag och matgespillt, bei 25 grad haten eis Jonker vill Freed op den Waasserspiller. Et war een gelongenen Dag an eng super Zesummenaarbecht zwechent den 2 Jugendhaiser. Néi Frëndschaften ënnert den Jonken sinn geschloss ginn. En groussen Merci un Jugendhaus Gaasperech fir Organissatioun

Pages