outdoor

no Jubica 1982, Atlantis 1994,… wëlls du et nach eng Kéier wëssen?

Mir sichen Staffleit fir (vir)um Camp ze hëllefen, an dat an alle Beräicher. Komm de 24. September op de Chefdag op d’Foire luussen, a gëff gewuer, wou nach Leit gebraucht ginn a wéi eng Erausfuerderungen dech intresséieren. Sidd Dir Albatrossen oder Mataarbechter vun engem Grupp, déi bekannt sinn fir e bestëmmten Iessen / Gedrénks? Da... Read more »

Kongress a Chefdag 2016

Léif Guiden a Scouten, léif Cheftainen a Chef,

Mir, d’Diddelenger Guiden a Scouten vum Grupp St Jean, sinn houfreg iech dëse September um Kongress an um Chefdag zu Diddeleng dierfen ze begréissen.

Am Kader vun eisen 100 Joer Bestoen, freeë mir eis dëst Joer, nieft der Publikatioun vun enger Brochure, eiser Séance académique, eisem Gruppecamp, eisem 100-Joer-Logo a –Badge a ville weideren Aktivitéiten, och de Kongress an de Chefdag dierfen zu Diddeleng ze organiséieren.

Umeldung fir den 1. Zyklus vun der Formatioun (fir eng Ernennung als Assistent) :

Den Umeldungsformulaire fir den 1. Zyklus vun der Formatioun (fir eng Ernennung als Assistent) ass elo online. Du kanns dech heiriwwer fir all d’Formatiounsaktivitéite vum 1. Zyklus 2016-2017 (Tronc Commun, STIP an der Branche, PS-Weekend) umellen. Umeldungsschluss fir den Tronc Commun ass den 30. September !

Hei ass de Link bei de Formulaire: http://chefbox.lgs.lu/formulairen/umeldung-1-zyklus-stip/

Ouverture de notre ferme pédagogique au Marienthal

contact avec les animaux de la ferme travaux de la ferme (enlever fumier, nourrir et prendre soin des animaux) transformation des produits de la ferme dans la cuisine pédagogique de la ferme

Réservez un séjour

Nei Formatiounsdatumer

Un all déi jonk Leit, déi interesséiert sinn als "Animateur spécialisé" (Freelance) Formatiounen matzemaachen fir spéider fir den SNJ ze schaffen, kuckt w.e.g ënnert der Rubrik "Travailler en freelance". Déi nei Datumer fir 2016/2017 sinn eraus. Liest w.e.g den pdf mat den "Infos générales" gutt duerch a wann Froen wären net zécken fir nozefroen. Hei den Flyer fir 2016-2017

Villmools Merci

Poste vacant an der Geisserei

No 6 Joer als Chargé de Direction bei den LGS huet den Tom Biever eng nei berufflech Erausfuederung gesicht a verléist dofir d’Ekipp vun de Permanenten.

D’Fondatioun sicht elo eng nei Persoun fir dësen flotten an ofwiesslungsraiche Posten ze besetzen. D’Annonce mat allen Détailer iwwert Profil, Qualificatiounen,… hänkt hei mat drun.

Wanns du um Posten interesséiert bass kanns de dech roueg melden. Gären kanns de d’Annonce awer och un Frënn,… weidergin.

Pages