outdoor

Poste vacant an der Geisserei

No 6 Joer als Chargé de Direction bei den LGS huet den Tom Biever eng nei berufflech Erausfuederung gesicht a verléist dofir d’Ekipp vun de Permanenten.

D’Fondatioun sicht elo eng nei Persoun fir dësen flotten an ofwiesslungsraiche Posten ze besetzen. D’Annonce mat allen Détailer iwwert Profil, Qualificatiounen,… hänkt hei mat drun.

Wanns du um Posten interesséiert bass kanns de dech roueg melden. Gären kanns de d’Annonce awer och un Frënn,… weidergin.

Scouts Welcome Refugees

Vill LGS a FNEL Gruppen hu sech an de leschte Méint fir d’Saach vu Mënschen op der Flucht engagéiert, oder hu wëlles dëst an Zukunft ze maachen.

De Moment sinn eng 1100 Kanner a Jugendlecher am Alter tëschent 7 a 25 Joer an de verschiddene Flüchtlingsheemer zu Lëtzebuerg ënnerbruecht. Mir sinn der Meenung datt de Scoutismus eng flott an efficace Methode ass fir dës Jonker zu Lëtzebuerg ze integréieren.

”Mir stellen an!” (SVCi)Service Volontaire Civique bei der ONG

[:lb]D’ONG vun den LGS: “Guiden a Scouten fir ENG Welt” ass op der Sich no engem motivéierten Guide oder Scout fir an eisem Team mat ze schaffen an eis Aarbecht un déi lokal Gruppen erun ze bréngen.  Bass du interesséiert un engem Volontariat Civique bei eis an trëfft den Profil op dech zou? Hues du Zäit a Loscht? Da mëll dech

Kandidaturen mat CV an Motivatiounsschreiwen um contact@ongd-lgs.lu. Wann s Du virdrun nach Froen hues, schreiw eis roueg eng Email.

 

Fotoen vum Wëllefchersrallye

Fotoen vum Wëllefchersrallye vum 5. Juni zu Hesper um Holleschbierg.

Organiséiert gouf et vum Grupp Don Bosco vum Houwald an dem Grupp HI. Franz vun Assisi vu Péiteng.

Geschicht:

D’Houwalder Maskottchen, de Waldho, ass spurlos verschwonnen an mir brauchen hien esou séier wéi méiglech nees zeréck fir dass hien pünktlech zum 70. Jubiläum vum Houwalder Grupp nees do ass. Dofir ass Thema vum Rallye dëst Joer:

Wou ass de Waldho?

Raus aus dem Chalet – Ran an de Besch!

Mir proposéieren Iech an äre Wellefcher en Dag an der Natur mat villen neien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen!

Wat?                En Dag an der Natur

Wéini?              Samsdes, den 2. Juli vun 9:30 Auer bis spéitstens 17:00 Auer

(dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat ärem Ruddel bei eis sidd)

Wou?                Zu Luerenzweiler/Blaschent beim Neolitheschen Haus (mir organiséieren Navette vun der Luerenzweiler Gare bis erop)

Bio-Mangoen fir den Niger

D’Ongd Guiden a Scouten fir eng Welt verkeeft ganz frësch Bio-Mangoen aus dem Burkina Faso an Zesummenaarbecht mat Help for the planet, déi zanter 2010 e fairen Import vun Mangoen mat der Cargolux maachen.

Help for the planet op der RTL Télé: http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-magazin-kapital/3060131.html

Pages