outdoor

Freestyle Crew

Bass du sportlech? Interesséiert un Gesondheet a Beweegung?

Hues du Loscht op e coolen Freelance-job a wëlls deng Passioun u jonker weiderginn? Den SNJ sicht néi Memberen fir seng Freestyle Crew.

Formatioun fir nei Memberen ass Samschdes den 7. 12.2019 vun 9 – 18h am Mariendall.

Fir all Infoe mell dech op

//--> //-->

oder um 247 86443.

Slov’It 2020 – Info 1 – Back to Nature

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

2020 gëtt e gutt Joer! Et gëtt erëm en nationale CaraPio-Camp organiséiert an dir däerft bei dësem sensationellen Evenement mat dobäi sinn.

Dir sidd nach am Campfeeling well dir grad eréischt erëm sidd, genau de richtege Moment fir ze decidéieren, wéi et weider geet.

Wéi dir zanter dem leschte Chefdag wësst, plange mir an d’Bierger a Slowenien ze goen.

Op dëser Säit fannt dir elo déi éischt Informatiounen.

Kuckt iech dat un, iwwerleet iech op dat eppes ass, fir är Trupp, fir nächste Summer a mellt iech un.

Spiri-Koffer fir d’Biber

EMFRO:

Léif Cheftainen a Chef,

Mir sin am gaang ee Spiri-Koffer, dat heescht eng Art pädagogesche Koffer, auszeschaffen, deen dir an äre Famillje kënnt benotze fir är spirituell Aktivitéiten ze plangen.

Eier mer awer lo mat enger konkreter Ëmsetzung vun dem Koffer weidermaachen, wëlle mer iech kuerz em är Meenung froën. Dofir wäre mir frou, wann dir folgende Formulaire ausfëlle kinnt.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Chefekipp

.

Bücherwürmer aufgepasst!

Was Anfang der 90er Jahre als Kunstobjekt von zwei New Yorkern entworfen wurde, liegt heute schwer im Trend – und dies überall auf der Welt. Die Rede ist von den Bücherschränken, den öffentlichen Mini-Bibliotheken welche man in Luxemburg „Bicherschaf“ nennt und in Frankreich „Armoire à livres“. Das System ist aber überall das Gleiche.

CaraPio STIP gëtt verréckelt

Mir wëllen iech heimadder matdeelen dass de geplangte CaraPio STIP vum 25.10.-27.10.2019 wéinst aktuellen Emstänn op e spéideren Datum am Scoutsjoer verluet gëtt.

Soubal den neien Datum festgeluecht ass gitt dir natierlech nees vun eis kontaktéiert.

Merci fir äert Engagement a Versteesdemech,

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss

d’Team

Info-Versammlung fir de Mérite

Léif Guiden a Scouten,

Den Donneschten 21. November um 19h30 an der Géisserei invitéiere mer all Guiden a Scouten déi, sief et perséinlech oder als Chef, interesséiert sinn um Programm vum Mérite Jeunesse bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten op eng Informatiouns Versammlung. Hei kritt jiddereen Erkläerungen zum Oflaf a ka sech och direkt umellen.

All Jonken tëscht 14 an 23 Joër kann um Programm deel huelen. Weider Info fannt der op merite.jeunesse.lu .

Léif Gréiss,

Christopher a Romain

merite@lgs.lu

Pages