party

Christian Weis als Gemengeconseiller zu Esch/Uelzecht vereedegt

Zënter dem 21. Oktober huet d’CSJ e weidere Gemengeconseiller an hire Reien. De Christian Weis huet d’Plaz vun der CSV-Vertriederin Annette Hildgen iwwerholl. Den 30 Joer alen Escher Jong ass nieft senger Funktioun als Sekretär vun der CSV Esch och nach President vun der CSJ Süden a Member vum CSJ-Nationalcomité. Mam Chrëscht zielt d’CSJ aktuell 15 Vertrieder an de Gemengeréit uechter d’Land.

CSJ Hierschtakademie 2016

D’CSJ Hierschtakademie ass erfollegräich de 15. Oktober 2016 zu Huelmes op en Enn gaangen.

Moies hunn d’Participant’en mat zwou interessanten Formatiounen iwwert Urbanismus (Romain Diederich) a Gemengefinanzen (Pierre Mellina) ugefaangen. Mëttes stoungen zwee Workshope iwwert Gemeng vun Muer an Terrorismusbekämpfung um Programm.

Op dëser Säit fannt dir e puer Andréck vun dësem Dag. Verschidden Dokumenter déi op der CSJ Hierschtakademie ausgeschafft goufen fannt dir herno och op dëser Säit.

PETITIOUN 698 – Verstoen amplaz ze (ver)uerteelen

D‘Petitioun 698 iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch, déi Enn August an d‘Chamber eragereecht gouf, zielt mëttlerweil schonn iwwert 13000 Ënnerschrëften. Säit deem maachen sech och Stëmme bemierkbar, déi sech zum Zill gesat hunn eleng d’Existenz vun dëser Petitioun an d’lächerlecht ze zéien, sou wéi och d‘Leit déi se ënnerschriwwen hunn ob eng scho bal grotesk Aart a Weis ze karikaturéieren.

Petitioun 698 – Verstoen amplaz ze (ver)urteelen

D‘Petitioun 698 iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch, déi Enn August an d‘Chamber eragereecht gouf, zielt mëttlerweil schonn iwwert 13000 Ënnerschrëften. Säit deem maachen sech och Stëmme bemierkbar, déi sech zum Zill gesat hunn eleng d’Existenz vun dëser Petitioun an d’lächerlecht ze zéien, sou wéi och d‘Leit déi se ënnerschriwwen hunn ob eng scho bal grotesk Aart a Weis ze karikaturéieren.

CSV ‘New Generation’: Fortbildung und Austausch über die EU-Politik für Nachwuchspolitiker

Die Europäische Union hangelt sich von einer Krise zu Nächsten und andauernde Fragen bleiben unzureichend beantwortert: Wie soll es mit dem Projekt Europa in Zukunft weitergehen? Wie fahren wir gemeinsam mehr Erfolge für die Bürgerinnen und Bürger in Europa ein? Was muss die EU in die Wege leiten, damit sich ihre Bürger mehr mit der EU identifizieren können? Und welche Rolle muss die Christdemokratie in diesem Kontext einnehmen?

Hearing zum Thema Integratioun vun der CGJL

Leschte Freiden, den 1. Juli 2016, waren de Stefano D’Agostino an den Alex Donnersbach fir d’CSJ am Hearing vun der CGJL zum Thema Integratioun.

Hei fannt dir den Avis vun der CSJ zu dem Thema Integratioun.

Integratioun_Avis_CSJ

An hei kann jiddereen nach engkéier den ganzen Débat kucken (chamber.lu).

Pages