Personalgestioun

Fachartikelen fir Jugendaarbecht

https://www.beltz.de/fachmedien/sozialpaedagogik_soziale_arbeit/zeitschriften/deutsche_jugend/show/Journal/ausgabe/33895-deutsche_jugend_52017.html

Dëse Link féiert an d’Datebank vum Beltz Verlag, deen déi däitschsproocheg Fach-Zäitschrëft “Deutsche Jugend” publizéiert. Do kann ee ganz intressant Artikelen iwwer Jugendaarbecht eroflueden.

Vill Spass beim Stöberen…

Neie Kollektivvertrag als PDF op däitsch an op franséisch

Fannt hei den neie Kollektivvertrag CCT-SAS an engem PDF op däitsch an op franséisch: CCT-DEFR (new)
Déi éischt Pabéierversioune wäerte mir iech op der Rentrée vum SNJ den 10.10.2017 verdeelen, dir kënnt si awer och um Siège vun der EGMJ siche kommen.

NEIE KOLLEKTIVVERTRAG CCT-SAS (ab 1. Oktober 2017) op däitsch a franséisch

Fannt hei de PDF vum neie Kollektivvertrag, deen ab 1. Oktober 2017 a Kraaft triede wäert.

Pabéierversiounen stinn ab nächster Woch um Siège vun der EGMJ zur Verfügung.

CCT SAS -DEFR (new)

The post NEIE KOLLEKTIVVERTRAG CCT-SAS (ab 1. Oktober 2017) op däitsch a franséisch appeared first on Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes.

Rapport d’activités 2016 vun der EGMJ

Fannt hei den Aktivitéitsrapport 2016 vun der EGMJ an elektronescher Form: Aktivitätenbericht EGMJ 2016. De PDF huet missten immens verkléngert ginn, dofir sinn d’Fotoen an enger schlecher Opléisung.
De Rapport kann um Siège vun der EGMJ a gedréckter Form bestallt ginn. Mellt iech einfach ënner info@egmj.lu.

Déi ganz Equipe vun der EGMJ seet de Memberen, Partner a Frënn ee ganz décke Merci! Ouni iech alleguer wier et net méiglech esou vill Aktivitéiten ze maachen. MERCI!

Info iwwer de Congé an d’Feierdeeg an 2017

Personalinformatioun vun der EGMJ

Opgrond vun engem Congé de maladie gëtt d’Responsabel vum Service Salaires, d’Madame Peggy GLODT, vun der Madame Annick RISCH ab direkt bis viraussichtlech Mëtt Dezember remplacéiert.

D’EGMJ bied hir Memberen ëm hire Versteesdemech dofir, datt d’Demanden net esou séier ewéi gewinnt traitéiert kënne ginn.

D’Madame RISCH steet iech per Mail iwwer folgend E-Mails-Adress zur Verfügung: salaires@egmj.lu
Mailen un d’Madame GLODT ginn automatesch viru geleet.

Pages