Table Ronde: “Wéi eng Plaatz fir di Jonk vun haut an der Aarbechtswelt vu muer?”
De Lycée Ermesinde huet de 05. Mäerz zesumme mam Radio 100,7 am Kader vun der “Journée de l’orientation” fir Schülerinnen a Schüler eng table ronde organiséiert. Titel vun der Gespréichsronn war “Wéi eng Plaatz fir di Jonk vun haut an der Aarbechtswelt vu muer?” Am ganze sechs Invitéeën - Experten a Kenner vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg – hunn de Schüler aus dem Lycée zu Miersch d’Realitéite vun der Aarbechtswelt méi no bruecht a versicht ze erkläre, wouropper et bei der Sich no enger passender Aarbecht an der haideger Zäit ukënnt.