politics

Primmen fir knaschtëg Batterien?

Fir Elektroautoen ze bauen, brauch ee leeschtungsstaark Batterien. Fir dës Batterien ze baue brauch ee seele Metaller wéi Lithium oder Kobalt. Dës Metaller ofzebauen ass awer bedenklech, wann ee weess, dass den Ofbau aktuell weder ökologesch nach mat sozial héije Aarbechtstandards am EU-Ausland verbonnen ass. Aus dësem Grond hunn d’Piraten de Ministere fir Energie, Ëmwelt a Mobilitéit eng parlamentaresch Fro zu der aktueller Produktioun vun Elektroautosbatterië gestallt.

Nach méi Plastik am Portmonnie?

Souguer wann ee guer keng Suen dobäi huet, ass de Portmonnie ëmmer gutt gefëllt – gefëllt mat Plastik. Jidderee vun eis dréit eng Jett Kaarten aus Plastik (sief et de Führerschäin, d’Identitéitskaart oder d’Kreditkaart) dagdeeglech mat sech ronderëm. D’Piraten hunn dem Minister fir d’Administrativ Reform dofir eng Fro iwwert eng potentiell Zesummeféierung vu Kaarten am Kader vun der Digitalisatioun an der administrativer Vereinfachung gestallt.

Hai fannt dir de ganzen Text vun der Fro:

Här President,

Eng parlamentaresch Fro zu der Hondsausstellung (Dog Expo) zu Lëtzebuerg

D’Pirate sti fir den Déiereschutz. D’ASBL Give Us A Voice setzt sech scho säit Joren dofir an, dass d’Déiererechter respektéiert ginn. An de leschte Joren hunn si immens Drock beim Organisateur vun der Dog Expo zu Lëtzebuerg gemaacht an ënnert anerem vill Mëssstänn opgedeckt, déi mat dozou gefouert hunn, dass des Hondsausstellung 2019 wahrscheinlech net stattfënnt.

Eng parlamentaresch Fro iwwert d’Handwierker mat Meeschterprüfung an der Fonction publique

D’Piraten hunn dem Minister fir Ëffentlechen Déngscht, eng parlamentaresch Fro iwwert d’Handwierker aus der Karriär D1 gestallt.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

D’Aarbechtskonditiounen bei der Police

Eng Police, déi nëmme fonctionnéiert, andeems si sech selwer net un d’Gesetzer hält? U wien went sech ee Polizist, dee méi wéi 70 Stonnen d’Woch schaffe muss fir d’Sécherheet vun eisem Land ze garantéieren?

D’Piraten hunn de Ministere fir Bannenzeg Sécherheet an den Ëffentlechen Déngscht eng parlamentaresch Fro zu den Aarbechtskonditioune vun eiser Police gestallt op Basis vun Informatiounen déi eis d’Policegewerkschaft weidergeleet huet.

Am Folgende fannt der den Text zur Fro:

Pages