Politik

D’Corinne Cahen kandidéiert als DP-Presidentin, nei Parteispëtzt geplangt

D’Demokratesch Partei dierft sech eng komplett nei Equipe un hirer Spëtzt ginn. D’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen huet am 100,7-Interview confirméiert, datt si fir de Poste vun der Parteipresidentin kandidéiert. D’Kandidate fir déi dräi Poste vun den DP-Vizepresidente sinn: de Max Hahn, de Lex Delles an de Marc Hansen. Neie Generalsekretär soll de Marc Ruppert ginn.

Corinne Cahen (Archiv)

Bausch: Léisung bei Luxair-Aktie vu Lufthansa fonnt

D’Regierung hätt “eng Léisung fonnt” a Bezuch op d’Luxair-Aktien, déi d’Lufthansa wëll verkafen, sou den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister de moien op eiser Antenn. Fir d’éischt géif de François Bausch mar Dënschdeg d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun informéieren. De grénge Minister huet dann un all d’Acteure bei der Cargolux appeléiert, ee Kompromëss bei de Verhandlungen ëm een neie Kollektivvertrag ze fannen.

François Bausch

“Keen astellen, deen den ‘Helfersyndrom’ huet”

Zënter Mëtt August komme vill méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg wéi dat bis dohin de Fall war. Wéi geet d’Verwaltung mat all deene Fäll ëm? Explikatioune vum Jean-Paul Reiter, Direkter vun der Immigratioun am Ausseministère.

Asyldemanden tëschent Januar an Oktober 2015, nom “pays d’origine”
(Quell: Ausseministère – Immigratioun)

Firwat huet d’AKP d’Wahlen an der Tierkei gewonnen?

D’Wieler wollte Stabilitéit, seet den Giuseppe Mancini, een italiéinesche Journalist, deen zu Istanbul lieft. Am Géigesaz zur dominanter Meenung an der europäescher Press seet hien, datt et der islamesch-konservativer Partei net drëms geet, an der Tierkei en autoritäre Regime opzebauen. D’AKP stéing ënnert dem Drock vun hire Wieler, déi eng Demokratiséierung vum politesche Liewen an eng Ouverture no bausse wéilten.

“D’EU muss hir Grenze fir Flüchtlingen op loossen”

Et wär net un der EU fir der Tierkei Lektiounen ze ginn a Saache Mënscherechter, seet den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg. Esou géing zum Beispill Ungarn d’Mënscherechter aktuell verletzen. Dem Stan Brabant no, muss Europa an der Flüchtlingskriis der Tierkei finanziell bäistoen.

Och an Europa ginn et flagrant Verletzunge vun de Mënscherechter

Meyers: Verfassungsreferendum virun 2018 bleift d’Zil

Den CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers ass sech net sécher, dass d’Aarbecht vun der Verfassungsreform pünktlech kënnen ofgeschloss gi fir de geplangte Verfassungsreferendum nach an dëser Legislaturperiod ze organiséieren. Ënnert anerem misst de Justizminister Braz sech nach festleeën, ob d’Verfassungsgeriicht ofgeschaf gëtt oder net.

Illegale Steieravantage fir Fiat?

Den italieneschen Automobil-Constructeur Fiat huet zu Lëtzebuerg vun illegaler Staatshëllef profitéiert, well en iwwerdriwwe Steier-Avantagen accordéiert krut. Där Meenung ass d’EU-Kommissioun a fuerdert dowéinst, datt Fiat 20 bis 30 Milliounen Euro Steieren nobezillt. D’Regierung hält déi Decisioun fir falsch, sou datt de Sträit viru Geriicht kéint landen.

D’EU-Wettbewerbskommissärin Margrethe Vestager

Politesche Wiessel a Kanada

De liberale Politiker Justin Trudeau gëtt neie kanadesche Premier. Mat engem eendeitege Resultat bei de Parlamentswahle geet no engem Joerzéngt déi konservativ Ära vum Stephen Harper op en Enn.

De neie kanadesche Premier Justin Trudeau (©Yascha Wecker)

Déi Liberal hu sech am kanadesche Parlament déi absolut Majoritéit geséchert. Eng batter Wahlnéierlag fir déi Konservativ vum Stephen Harper, deen d’Land zënter Februar 2006 regéiert hat.

Go Trump!

An den USA sinn d’Presidentschaftswahlen am November 2016 nach ëmmer iwwert e Joer ewech, mee dat heescht net datt déi vill Kandidaten net elo schonn em d’Iwwerliewe kämpfen. Eisen USA-Korrespondent war fir d’éischt Kéier op engem Meeting vum Donald Trump, Presidentschaftskandidat fir d’Republikaner. Et war eng relativ intensiv Experienz.

Pages