Radio Ara

Ass Lëtzebuerg nach ëmmer ee Steierparadäis?

Lëtzebuerg huet kee gudde Ruff, wat Steiergerechtegkeet ugeet. Allerdéngs betount d‘Regierung an de Finanzministere ëmmer erëm, datt sech d‘Land an deene leschte Joren zu engem „Musterschüler“ entwéckelt hätt. Stëmmt dat? Mir schwätzen haut an eisem Podcast doriwwer, wisou de Barreau géint d‘Ëmsetzung vun der Europäescher Direktiv DAC 6 Stuerm leeft a wat dat mat deene Konstrukter ze dinn huet, duerch déi multinational Firme vill Steieren spuere konnten. Ausserdeem diskutéiere mir de Virworf, datt Lëtzebuerg probéiert hätt, de sougenannte „Country-by-Country“-Reporting ze torpedéieren.

Pages