Table Ronde Cannabis Bündnis
Zanter deem d’Cannabis Bündnis d’läscht Joer gegrënnt gouf, ass d’Diskussioun ëm eng Legaliséierung vun der Substanz rëm en Thema an der Gesellschaft. Wou ass een drun bei de wëssenschaftleche Kenntnisser a wéi steet et um politesche Plang hei zu Lëtzebuerg? Op enger table ronde am Exit 07 (den 3. Februar), organiséiert vum Cannabis Bündnis, hunn Experten a Politiker sech mat deene Froe beschäftegt.