rosa

Grupp fir homosexuell Elteren – Gruppe für homosexuelle Eltern – Groupe pour parents homosexuels

De Reebougrupp: e Grupp fir schwul-lesbesch Elteren

vu 15:00 bis 19:00 Auer am Cigale, 3, rue de Capucins, L-1313; Stad Lëtzebuerg

LU: Dësen Austauschgrupp fir LGBT Eltren ass all 4. Dënschden am Mount vu 15.00-19.00 Auer am CIGALE.

FR: Rendez-vous mensuel du groupe homoparental chaque 4ème mardi du mois de 15h00 à 19.00 hrs au CIGALE

Männergrupp 40+ — Männergruppe 40+ — Groupe des hommes 40+

Grupp fir Männer ab 40

18:30 bis 21:00 Auer am Cigale, 3, rue de Capucins, L-1313; Stad Lëtzebuerg

LU: Dësen Austauschgrupp fir Männer ab 40 ass all 3. Mëttwoch vun 18h30-21.00 Auer am Mount am CIGALE.

FR: Ce rendez-vous mensuel pour hommes àpd 40 ans se tient chaque 3ème mercredi du mois de 18h30 à 21hrs au CIGALE

Cigale: Jugendgrupp “anerewee”

D’Jugendgrupp ass en Angebot fir Jugendlecher vu 15 bis 25 Joer. Et ass eng oppe Grupp fir LGBT-Jugendlecher, déi nach op hirem Wee vun der Selbstfindung sinn an déi einfach nëmme gäere Kontakt zu anere Jugendlecher sichen. D’Treffe fënnt all Donnechdeg Nomëtten tëscht 13.00 an 20.00 Auer an de Raimlechkeeten vu Rosa Lëtzebuerg an eisem Zentrum CIGALE (3, rue des Capucins, Lëtzebuerg-Stad um 5. Stack) statt. Méi Informatiounen ginn et natierlech op www.cigale.lu.

CIGALE: Elterengrupp

Mir ginn ëmmer erëm gefrot, op mir net e Grupp fir homosexuell Eltere kéinte grënnen. Deem Wonsch wëlle mir elo nokommen an invitéieren all homosexuell Elteren, sech dem Elterengrupp unzeschléissen, deen sech ab dem 22. Oktober all 4. Mëttwoch am Mount am CIGALE trëfft. Et ass en opene Grupp, deem ee sech ouni Zwang uschléisse kann an wou een och keng Memberschaft muss agoen. Et ass en Austauschgrupp wou ee sech iwwert seng Erfahrungen austausche kann, et ginn Themenowender ugebueden, a gemeinsam Fräizäitaktivitéiten sollen och net ze kuerz kommen.

Pages