scouts

Formatioun fir Animateur spirituell

AS/ Formatioun:

gëtt vun dësem Joer un erëm nei lancéiert.

d’Formatioun besteet aus engem Weekend, engem themateschen Owend an enger praktescher Ëmsetzung vun enger spiritueller Aktivitéit

Et kritt een eng Ernennung als Animateur spirituell.

De Weekend fënnt vum 07.- 09. Dezember zu Baastenduerf am “gîte rural” 18, Haaptstrooss statt.

Ufank: freides Owes 19.00Auer – Schluss: sonndes nom Mëttegiessen.

Präis ass 50,00€

Den themateschen Owend gëtt mat de Kandidaten zesumme festgeluecht.

 

Sinn dës Spiller ze veräntwerten?

Cooperatioun LGS / SNJ

15/16 Dezember 2018

zu Ierpeldeng op der Sauer

 

Wat ass dat ?

 

„Wat bedeit et als Chef op enger Aktivitéit Verantwortung ze droen?”

Nieft engem theoreteschen Deel iwer Méiglechkeeten, Grenzen a Konsequenzen maache mir eng Reih Atelieren a Spille wou mer kucken wéi dat Théoretëscht an der Praxis ëmzesetzen ass!

 

Wou :  Ierpeldeng bei Ettelbréck

 

Wéini :  vum  15. bis den 16. Dezember 2018

 

NuetsFunkRaid

Cooperatioun LGS / SNJ

12/13 Januar 2019

Wat ass dat ?

• Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
• Crashcours a Funk-Kommunikatioun
• Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
• Gruppenchallenge
• En Erliefnis wat hänke bleift

Wou : Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck

Wéini : vum 12. op dem 13. Januar 2019

Friddensliicht – Käerzebestellung

 

Formulaire Bestellung FL 2018 (4)

*protected email*

 

——————————————————————————————————————————————————————————————————————————————–

Friddensliichtfeier 2018

(fir all Branchë vu Biber bis Raro)

e Samschdeg den 22. Dezember 2018

zu Rodange

Programm:

14.00 Auer Rendez-vous beim Scoutschalet (rue de la Minière)

Waat ass een Scouts CV?

Brauchs hëllef mat däin Scouts CV?

Du hues scho gemierkt dass d’International Ekipp ëfters esou “Open Calls” lancéiert an dass do eppes vun engem Scouts CV steet.

Du hues  nach ni esou een Scouts CV geschriwwen?
Du hues dech gefrot wat do genee alles dran muss stoen?

Ma dann keen Problem, well mir hëllefen dir gären.  

Et ass usech naicht Komplizéiertes, et ass ähnlech ewéi een normalen CV (iwwert dech, Kontaktdaten, Sproochen, Erfarung, Formatiounen..) mee eben iwwert däin Scouts Parcours.

Lancement 2018

Léiwe Clanchef, léif RaRo,

 

Byebye Senegal a Roverway , hello Scoutsjoer 2018/2019. De Weekend de Lancement steet virun der Dier mat neien an alen Gesiiter.

Ënnert dem Motto “Wild 90’s” erwaarden mer vun iech, dass der eis weist wei kuhl ären Clan / Raro ass. Weist wei gutt är 90’s Kentnisser sinn an wat den Kleederschaf vun ären Elteren nach vun “90’s feeling” hiergëtt.

90’s hin oder hier : Dir kënnt iech eraus sichen op dir am Zelt op der Wiss (Zelt matbréngen) oder am Chalet schlofen wëllt an eenzel RaRo ouni Clan sinn natierlech häerzlech wëllkomm.

Grad elo: Respekt an Toleranz

Friemenhaass an Diskriminatioun fannen, och hei zu Lëtzebuerg, ëmmer méi Zoustëmmung. D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten liewen zënter 100 Joer d’Wäerter vu Respekt an Toleranz a vermëttelen dës u Kanner a Jonker. Eis Membere gi virbereet aktiv un der Weiderentwécklung vun der Gesellschaft matzeschaffen, a sech fir eng Gesellschaft anzesetzen, wou keng Ausgrenzung toleréiert gëtt.

Young Delegate: Mell dech elo!

D’International Ekipp siicht dech! Em wat geet et?

WAGGGS ass déi weltgréissten Organisatioun vu Meedercher an jonke Fraen, si ass eng vun den wichtegsten Stëmmen fir d’Rechter vun de Fraen. WOSM ass eng vun den gréisste Organisatiounen an der Welt an, wéi WAGGGS, e wichtege Player an der UNO.

Pages