scouts

Infoblat 01/2018

 

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

Op https://statuten.lgs.lu/artikeln-propose/ fann Dir eisen aktuelle Stand zu der Statutenännerung.
Mir hunn eis wärend dem leschte Scoutsjoer Gedanke gemaacht iwwert déi nei Statuten an och verschidden Artikele schonns geschriwwen.
Et ass eng Propose respektiv een Aarbechtsdokument vun eis, an op kee Fall déi endgülteg Fassung vir d’ Statutenännerung.

Gilwell 2018 – LET’s GROW

De Gilwellcamp, eng perséinlech a fakultativ Formatioun fir all Branchecheffen iwwer 20 Joer, war dëst Joer vum 1. bis den 8. September am Schwarzwald. Mir hunn eis Gedanke ronderëm d’Thema Wuesstem gemaach. Aktivitéiten an der Natur a Visitte vu sozialen Ariichtunge waren och um Programm.

100 Joër Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Léif Cheftainen a Chef,

Am Joër 2019 wäerten d´Lëtzebuerger Guiden a Scouten 100 Joër feieren.

An den nächste Wochen a Méint wäert dir zum genaue Programm vun dese Festivitéiten nach weider Informatioune kréien, allerdéngs sinn mir elo schon op är Mathëllef ugewisen. 

Am Kader vun 100 Joër LGS wäerte mir e Buch erausbréngen wou mir d´Geschicht vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten erkläeren. 

Kongress & Chefdag 2018 zu Réimech

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

hei fënns du de Kompass 2018,  deen d’Invitatioun fir de Kongress & Chefdag an den Aktivitéitsrapport vum Guiden a Scoutsjoer 2017/18 enthält.

Du kanns den Aktivitéitsrapport mat Biller-Gallerien online hei kucke goen Kompass

oder als PDF hei eroflueden Kompass 2018

PR Aktioun Rentrée 2018/2019

Léif Cheftainen, léif Chef,

mir plangen am September eng kleng Campagne fir d’ Rentrée vum Guiden- a Scoutsjoer 2018/19 a wëllen dobäi virun allem Reklamm fir nei Membere maachen.

An deem Kader maache mir eng Internetsäit, wou nei Membere schnell Infoen zu de verschiddene Gruppen an den éischte Versammlunge kënne kréien.

Mir géifen iech dofir froe fir bis spéitstens den 5. September:

Pages