scouts

7 Méint Volontariat am Senegal

Volontariat am Senegal

Ech war 7 Méint mat der ONG ‘Guiden a Scouten fir eng Welt’, a Cooperatioun mam Service National de la Jeunesse, an den Senegal, an hunn do am Kader vun engem Volontariat geschafft a gelieft.

D’ONG schafft haaptsächlech mat der senegalesescher ONG ‘Jeunesse et Développement’ zesummen, an huet e puer Projeten zu Mboro, engem klengen Duerf nërdlech vun der Haaptstad Dakar.

Mir sichen Dech

Viru 13 Joer huet alles mam Bau vum Keltenhaus um Neihaischen ugefaangen.2008 gouf d’Keltenhaus mam éischte Bealtaine-Festival ageweit. Et war de Start vum Projet Native Village, un deem säit elo 10 Joer e puer dausend Jonker deelgeholl hunn. Si konnten während engem oder méi Deeg vill flott, spannend a léierräich naturpädagogesch Aktivitéite matmaachen.

Invitatioun Kongress & Chefdag, Aktivitéitsrapport 2017/18

Invitatioun fir de Kongress & Chefdag, Aktivitéitsrapport

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

hei fënns du de Kompass 2018,  deen d’Invitatioun fir de Kongress & Chefdag an den Aktivitéitsrapport vum Guiden a Scoutsjoer 2017/18 enthält.

Du kanns den Aktivitéitsrapport mat Biller-Gallerien online hei kucke goen Kompass

oder als PDF hei eroflueden Kompass 2018

Congé jeunesse

Wichteg: Den SNJ hëlt den Delai vum Aschécken vun enger Demande 4 Wochen virun der Aktivitéit ganz streng. Dofir denkt w.e.g. drun är Demandë op d’mannst 6 Woche virum Camp un d’Géisserei ze schécken!

Et ka virkommen, datt eng Demande, déi ze spéit erageschéckt gëtt, vum SNJ refuséiert gëtt bzw. vum Sekretariat net méi un den SNJ ka weider geschéckt ginn.

Weider Infoen: https://chefbox.lgs.lu/chefbox/conge-jeunesse/

Fotoen “STAP 2018” – Mord u Bord

An der Päischtvakanz war de „STAP“ zu Bilschdref. Dëst ass de Formatiounscamp vum 2. Zyklus bei den LGS.

Während aacht Deeg hunn hei 40 zukünfteg Branchechef geléiert eng Unitéit an eng Chefekipp leeden an e Camp organiséieren; dat souwuel an der Theorie wéi och an der Praxis. Bei engem grousse Rollespill mam Titel „Mord u Bord“ goufen de Mörder vum Kapitän Bob Bayard gesicht a sou munch Intrige gesponnen.

Solden am Shop – Géisserei

Nodeems den LGS Shop bei d’Maison LESSURE WORKWEAR op d’Gare geplënnert ass ginn et elo solden vun 10% bis 40% am ale Shop an der Géisserei

Wéini
Samschdeg de 16. & 30. Juni 2018 vun 9h bis 12h

Adresse
5, rue Munchen-Tech
L-2173 Lëtzebuerg

Eng genau Lëscht mat de Produiten an de soldéierte Präisser fënnt een hei.

[:lb]Shop[:fr]Shop[:]

Opruff fir Volontairen: CubNET a ScoutNET 2018

CubNET & ScoutNET 2018 – Lëtzebuerg

– français plus bas –

[LU] Opruff fir Volontairen fir en Internationale Event zu Lëtzebuerg:

Den WE vum 30. November bis den 2 Dezember 2018 gëtt den 1. CubNET a ScoutNET, vun der WOSM-Europa Regioun zesumme mat der Federatioun Scouting in Luxembourg, zu Lëtzebuerg organiséiert. Dëst ass een Networking Meeting fir all National Comissairen aus den Wëllef- an AvEx branchen aus den Europäesch Scoutsverbänn.

Pages