scouts

Invitatioun un all fréier Campeuren vun Mboro

Fir eis 30. Joer Partnerschaft mat eise senegalesesche Frënn vun den Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) respektiv hirer ONG Jeunesse et développement (JED) ze feieren organiséiert d’ONGD “Guiden a Scouten fir ENG Welt” eng Aktivitéit am Senegal fir all fréier Campeusen /- euren vun Mboro. Ënner dem Numm “Revivalcamp 18 Quasi zur selwechter Zeit fënnt och ee Camp-Chantier vun enger Ranger-Rover-Equip statt.

Méi informatiounen hei…

Neijoerschpatt vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Den 11. Januar hunn d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hiren traditionellen Neijoerschpatt ofgehalen. A Präsenz vu der Familljeministesch Corinne Cahen, dem Educatiouns- a “Scoutsminister” Claude Meisch, dem Deputéierten a Scoutsparlamentarier Claude Wiseler, der Europadeputéierte Viviane Reding an der Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Isabel Wiseler, hunn d’LGS e positive Bilan vum Joer 2017, mam Highlight, dem Go Urban Camp 2017, gezunn.

WSJ2019: D’Umellunge sin op!!!

World Scout Jamboree?

[LU]

Léif Guiden a Scouten,

Geschwënn ass et nees esou wäit : WOSM invitéiert op de 24. Jamboree organiséiert vu Kanada, Mexiko an den USA. An dëser Newsletter fannt dir all wichteg Informatiounen iwwert den Jamboree selwer a wéi dir iech umellen kennt fir dësen eemolege Camp zesumme mam Lëtzebuerger Contingent ze erliewen.

Hei déi éischt Newslettere vum Letzebuerger Contingent :

OPEN CALL: Path Leaders fir d’Centenary Paths um Roverway 2018

10 Leaders gesicht fir d’Rovers Centenary Pahts um Roverway 2018

Du wëlls de Roverway 2018 als Organisateur erliewen? Du bass bereet, e “Path” ze plangen a definéieren, fir 50 Rover um Roverway 2018 an Holland? Wann jo dann ass dëst eng flott Erausfuerderung fir dech.

2018 ginn 100 Joer Rover gefeiert. Ënnert dësen Thema siicht WOSM am Moment 10 Ekippe fir 10 Centenary Routen am nächste Summer zu Holland ze plangen!

ING Semi/Marathon

Du hues wëlles beim ING Semi Marathon oder Marathon matzelafen? Du sichs villäit nach en Team? Loscht ob eng aner Aktivitéit mat ärer Chefekipp, RaRo Clan oder CaraPio Trupp?

Firwat dann net ënnert dem SIL „ Scouting in Luxembourg“ do matlafen. Mir hu wëlles eis no baussen ze weisen mat kollektiven T-Shirt vum SIL mat evtl engem opgedréckten Foulard, asw.

Wann du interesséiert bass da mell dech hei un, sou datt mir dir wieder Informatiounen zu gegebenem Zäitpunkt kenne matdeelen.

Wann dir als Ekippe matlafen wëllt dann schreift eng Email un *protected email*

De Shop – Nei Öffnungszäit vum Januar 2018!

Opgepasst: D’Öffnungszäit vum Shop ännert vum Januar 2018

De Shop huet nëmmen nach Samschdeg vum 9 bis 12 Auer op!

Attention: Changement horaire d’ouverture en 2018

Uniquement le samedi de 9 à 12 hrs

An der Schoulvakanz ass de Shop LGS zou ab 16/12/2017

Samschdes de 6. Januar 2018

vun 9.00 bis 12 Auer ass erëm op

Afterwork virum Neijoerschpatt

Flyer Neijooschpatt

All d’Chef vun den LGS sinn häerzlech invitéiert op den Afterwork virum Neijoerschpatt den 11. Januar ëm 17 Auer.

An enger relaxer Ambience bei der Géisserei offréiert de Verband iech wanterlecht Gedrenks an Iessen. Vum Jus bis bei de Glühwäin, vun der Wurscht bis bei en Chilli, et wert fir jiddereen dat richtegt derbäi sinn …

Nom offiziellen Deel ëm 19 Auer an der Géisserei leeft den Afterwork och nach weider.

Kommt all laanscht luussen …

Pages