scouts

Slov’It 2020 – Info 2 – Umeldung & 1. Acompte

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

D’Virbereedunge lafen op Héichtouren. Dat kann nëmmen e gudde Camp ginn.

Mir hunn decidéiert den Delai fir déi definitiv Umeldung an den 1. Acompte vun 150€ pro Persoun fir de “Slov’It 2020 Back to Nature” bis den 20. Dezember 2019 ze verlängeren.

Wann dir iech nach net ugemellt hutt, da maacht dat w.e.g. um Site vun de CaraPio iwwert dëse Formulaire (bis den 20.12.2019).

Spiri fir Kids

Kanner entdecken hir chrëschtlech Wuerzelen .

En neie Projet vun der Ekipp d’Animation spirituelle.

Nächst Treffen: 

Dënschdes de 26. November um 17.00Auer an der Erwuessebildung wou d’Kanner  an engem Workshop d’Traditioun vum Kleesche kenne léieren.

Samschdes den 21. Dezember huele mir zu Iechternach  un der  Friddensliichtsfeier  deel. 

 

Hei e puer Impressioune vun onsem éischten Treffen.

Unhand vun der biblescher Geschicht vum verluerene Schof, hu Kanner zesummen mat hiren Elteren um Neihaischen en Dag an der Natur verbruecht.

Friddensliicht

Merci em Iechternacher Grupp, dass mir dëst Joer ons Friddensliichtsfeier bäi hinne kënnen ofhalen.

Mir hunn esou wéi déi lescht Joren erëm branchespezifesch Wanderungen, eng Veillée an duerno loosse mir den Dag bäi engem Maufel gemittlechen auskléngen.

Äere Käerzeverkaf, ass e wichtege Beitrag fir onse “Partenariat mam Niger”.

Hei Detailer:

Slov’It 2020 – Info 1 – Back to Nature

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

2020 gëtt e gutt Joer! Et gëtt erëm en nationale CaraPio-Camp organiséiert an dir däerft bei dësem sensationellen Evenement mat dobäi sinn.

Dir sidd nach am Campfeeling well dir grad eréischt erëm sidd, genau de richtege Moment fir ze decidéieren, wéi et weider geet.

Wéi dir zanter dem leschte Chefdag wësst, plange mir an d’Bierger a Slowenien ze goen.

Op dëser Säit fannt dir elo déi éischt Informatiounen.

Kuckt iech dat un, iwwerleet iech op dat eppes ass, fir är Trupp, fir nächste Summer a mellt iech un.

Slov’It 2020 – Info 1 – Back to Nature

Léif Cheftaine, Léiwe Chef,

2020 gëtt e gutt Joer! Et gëtt erëm en nationale CaraPio-Camp organiséiert an dir däerft bei dësem sensationellen Evenement mat dobäi sinn.

Dir sidd nach am Campfeeling well dir grad eréischt erëm sidd, genau de richtege Moment fir ze decidéieren, wéi et weider geet.

Wéi dir zanter dem leschte Chefdag wësst, plange mir an d’Bierger a Slowenien ze goen.

Op dëser Säit fannt dir elo déi éischt Informatiounen.

Kuckt iech dat un, iwwerleet iech op dat eppes ass, fir är Trupp, fir nächste Summer a mellt iech un.

Spiri-Koffer fir d’Biber

EMFRO:

 

Léif Cheftainen a Chef,

Mir sin am gaang ee Spiri-Koffer, dat heescht eng Art pädagogesche Koffer, auszeschaffen, deen dir an äre Famillje kënnt benotze fir är spirituell Aktivitéiten ze plangen.

Eier mer awer lo mat enger konkreter Ëmsetzung vun dem Koffer weidermaachen, wëlle mer iech kuerz em är Meenung froën. Dofir wäre mir frou, wann dir folgende Formulaire ausfëlle kinnt.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
Är Chefekipp

.

CaraPio STIP gëtt verréckelt

Mir wëllen iech heimadder matdeelen dass de geplangte CaraPio STIP vum 25.10.-27.10.2019 wéinst aktuellen Emstänn op e spéideren Datum am Scoutsjoer verluet gëtt.

Soubal den neien Datum festgeluecht ass gitt dir natierlech nees vun eis kontaktéiert.

Merci fir äert Engagement a Versteesdemech,

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss

d’Team

Info-Versammlung fir de Mérite

Léif Guiden a Scouten,

Den Donneschten 21. November um 19h30 an der Géisserei invitéiere mer all Guiden a Scouten déi, sief et perséinlech oder als Chef, interesséiert sinn um Programm vum Mérite Jeunesse bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten op eng Informatiouns Versammlung. Hei kritt jiddereen Erkläerungen zum Oflaf a ka sech och direkt umellen.

All Jonken tëscht 14 an 23 Joër kann um Programm deel huelen. Weider Info fannt der op merite.jeunesse.lu .

 

Léif Gréiss,

Christopher a Romain

merite@lgs.lu

Pages