scouts

Charity Wanter Hike

Drot iech den 8. Februar 2020 an äre Kalenner an!

D’RaRo-Ekipp organiséiert am Kader vun den Odyssee Projeten a Georgien, a Bolivien an am Senegal, de Charity Wanter Hike. Heibäi handelt et sech ëm d’Nei-Interpretatioun vum Splash, enger Charity Schwamm Aktioun. Am Charity Wanter Hike, geet et wéi scho bei sengem Virgänger dorëms Don’en ze sammele fir d’Projeten ënnerstëtzen ze kënnen.

Jocapi 2020 zu Dikrich

Léif CaraPio a léif Chef,

D’JoCaPi déi de 04.04.2020 sollt stattfannen ass op Récksprooch mat der Organisatiounsekipp ofgesot.

Mir hoffen eech dann awer alleguer spéitsdens an engem Joer beim zweete Versuch vum ‘Trimagische JoCaPi’ zu Dikrich kënnen ze begréissen. Bis dann,

carapio@diekirch.lgs.lu

Gilwellcamp am August 2020 an der Schwäiz

Léif Chef a Cheftainen,

Wéi s du et villäicht weess, fënnt dëst Joer nees e Gilwellcamp statt. De Gilwell ass eng fakultativ a perséinlech Formatioun fir all Chef iwwer 20 Joer, deen de STAP gemaach huet an es nach net genuch huet…

Dëst Joer fuere mir op Buchs (St. Gallen ) an d’Schwäiz, wou mir eis vum 22. bis den 29. August mam Thema “Haltung vum Chef” befaassen. Donieft ginn et eng Partie sportlech a kulturell Aktivitéiten an der Schwäiz an am Liechtenstein a mir bereeden eis Kandidaten op de Woodbadge vir.

Formatiounsdag zum Thema Nohaltegkeet gouf ofgesoot

Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,

Aus Mangel un Umelldungen hu mer eise Formatiounsdag zum Thema Nohaltegkeet leider missen ofsoen.

Mir probéieren zu engem spéideren Zäitpunkt dëss Formatioun nach eng Kéier unzebidden.

 

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Är Biberekipp

MOOT 2021: 1. Newsletter

Léif Guiden a Scouten,

Geschwënn ass et nees esou wäit : WOSM invitéiert all Rover op den nächsten WORLD SCOUT MOOT 2021 an IRLAND. An dëser Newsletter fannt dir all wichteg Informatiounen iwwert den Jamboree selwer a wéi dir iech umellen kennt fir dësen super Camp zesumme mam Lëtzebuerger Contingent vum SIL ze erliewen.

Hei déi éischt Newsletter vum Letzebuerger Contingent :

Newsletter Nr 1

Pages