scouts

Congé jeunesse – leschten Termin

Léif Chef/tainen,

denkt drun är Demandë vum Congé jeunesse mat Zäit eranzeschécken. D’Demande sollt 1 Mount virum Camp beim SNJ ukommen. Well d’LGS-Sekretariat d’Demande och ënnerschreiwe muss, soll d’Demande op d’mannst 6 Woche virum Camp bei der Géisserei ukommen.

D’Sekratariat kann d’Demande nëmmen da verschaffen, wann de Camp ugemellt ginn ass. D’Sekretariat muss d’Umeldung mam Programm beileeën a bestätigen, datt ee Member am Verband ass, an ob de Kandidat eng Formatioun gemaach huet.

Mäi Séjour am Senegal

Salaammaleekum, mäi Numm ass Joyce (bzw. Fatou am Sénégal)

Ech sinn elo well 3 Méint hei, also genee an der Halschent vu mengem Volontariat.

Wat gëtt et also Neies?

Op menger Aarbecht am Centre Crepe hunn ech d’Alphabet an d’Zuelen vun 0-10 illustréiert fir dës an eise Klassesall ze hänken.

Niewebäi ginn ech de behënnerte Kanner Schreifübungen a kleng Skizze fir auszemolen. An punkto Santés-Cours huet sech nach net vill gedoen.

Méi aus dem Senegal…

3 Méint am Senegal

Zënter dräi Méint sinn ech elo schonn am Senegal an soumat och an der Halschent vun mengem Volontariat ukomm. Ech muss soen, datt et vill méi schnell gaangen ass ewéi ech am Ufank geduecht hunn. Ech ka mer virstellen, datt déi lescht dräi Méint nach vill méi schnell wäerten ëmgoen.

Centenaire vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Den 19 Mee war d’ONGD um Centenaire am Park zu Miersch mat dobäi.

Vill Scouten a vill Leit hunn dofir gesuergt dass mir e flotten Dag zesummen erlieft hunn. Vill Spaass a Freed an eng gutt Ambiance bei de Spiller.

Merci un iech all fir dee gelongenen Dag !

Benefiziessen fir de Niger – Fotoen

Merci un iech all fir de Succès vum Benefiziessen fir ons Projeten aus dem Niger !

De Niger dee gutt vertrueden gouf duerch de Commissaire Général vun de Scouts du Niger,  den M. Sani Abdou Ayouba an de Museker den Ali Mastær.

Merci och dem Chef Cyril Molard vun Ma langue sourit a senger Ekipp déi ons nees richteg verwinnt hunn !

E grousst Luef un d’Minister an all déi Bénévol déi de ganzen Owend gehollef  hunn!

 

Pages