Im Postkutschentempo ins überteuerte Kommunikationszeitalter
D’Abonnementer fir mobil Telefonie an Internet sinn am Verglach zum direkten Ausland immens deier zu Lëtzebuerg. Op der anerer Säit entspriechen d’Infrastrukturen net dem Standard, deen een sech erwaarden kéint. Et gëtt een d’Gefill net lass, dass et un fairer Konkurrenz um Marché feelt, zum Nodeel vum Verbraucher. Mir fuerderen dofir eng genau Analyse, an méi eng aktiv Roll vum Staat als sozialen Regulateur.