tumblr

Sécher op tumblr ënnerwee

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een sozialt Netzwierk, dat virun allem bei jonke Leit zimlech beléift ass: tumblr.com. Tumblr ass eng immens einfach Méiglechkeet, een perséinleche Blog opzemaachen. De Virdeel vun tumblr ass, datt d‘Gestaltungsméiglechkeeten immens grouss sinn: Net nëmmen, wat den Design vum eegenen Blog ugeet, mä och wat de Contenu betrëfft. Et kann een tumblr benotzen, fir seng eegen Texter, Fotoen oder Videoen ze posten, mä et ass och méiglech, d‘Bäitreeg vun anere Leit ze deele respektiv ze „re-bloggen“.