Urheber-und Bildrechte

Recht um eegene Bild

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Déi meescht vun iech sinn sécherlech op Facebook. A ween op Facebook ass, gëtt séier mol op enger Foto getagged, op där een guer net sou gutt ausgesäit. Däerf eng aner Persoun eigentlech einfach sou Fotoe vu mir verëffentlechen, och wann ech guer net domadder averstane sinn? D‘Äntwert ass: Nee. Et gëtt nämlech d‘Recht um eegene Bild.

Léift am Internet

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir, passend zum Vältesdag, iwwert Léift. Déi spillt sech hautdesdaags dacks am Internet of. Dat ass am Prinzip näischt schlechtes – eis Elteren hätte sécher och léiwer per Messenger matenee geschriwwe wéi all puer Minutte Mënzen an eng Telefonskabinn ze geheien, mä deemools war dat eben nach net méiglech. Sou hunn mir haut e puer Optioune méi, fir mat eise Léifsten ze kommunizéieren.

Wat sinn Copyright an Creative Commons?

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert Copyright. Dat ass een Thema, dat eis am Internet stänneg begéint an dat zimlech komplizéiert ass. Fréier, wou déi meescht Medien nach analog waren, war dat mam Copyright méi einfach: fir eng Kopie ze maachen, huet een een physesche Support wéi zum Beispill een Tounband gebraucht. Dementspriechend war et och méi schwiereg, eng illegal Kopie ze maachen. Haut gi vill Medien digital verbreed, an et kascht quasi näischt, fir eng Kopie ze maachen.