Workshops

G@strono(co)myc

Iwwer déi lëscht dräi Méint, hunn d’Luca, d’Lisa an de Roman sech eng 6 Mol bei eis am ‘natur musée’ getraff, fir un engem Projet ze schaffen, dee si bei der “Interdisciplinary Creativity Skilly Competition” areeche wollten. D’Thema vun der Competitioun war “Liewen a schaffen am Weltall”. Séier war kloer: mir maachen ee Comic. D’Lisa moolt an d’Luca an de Roman schreiwen d’Geschicht. De Sujet: Iessen um Mound. D’Resultat: de G@astrono(co)myc!

Onerwaart Schätz – Juli 2018

Click to view slideshow.

De Samschdeg ware mir an der temporärer Expo UnexpectedTreasures am ‘natur musée’. Hei stellen sech déi verschidde staatlech Kulturinstituter fir. Mir sinn ënner anerem gewuer gi wat een Dromedarskelett zu Mamer an engem Pëtz verluer huet, wat een Holotyp ass a wat de Notze vun engem Herbier ka sinn. D’Ausstellung kann een nach bis de 26. August kucke kommen.

ScienteensLab – Physik vs. Sonnecrème – Juli 2018

Click to view slideshow.

Wat ass Sonnecrème? Firwat brauche mir se a wéi funktionéiert se? Du mëss deng eege Sonnecrème an ënnersichs se op hier Effikassitéit. Mir erfuerschen dat siichtbart an onsiichtbart Liicht a fannen eraus wisou virun allem den Ultravioletten Undeel vum Liicht esou geféierlech ass

Wat d’Wäermt alles kann – Juni 2018

Click to view slideshow.

Wien léist sech net gäre vun der Sonn oder dem Uewe wiermen ? D’Thermesch Energie kann awer nach vill méi: Dampmaschinn, thermesch Kamera, thermosensiebele Pabeier, Materialien déi Wäermt leeden,… entdeck all dës Applikatioune vun der Thermescher Energie.

—–

Pages