youth

Mathmathon 2010

Donnesteg, den 24.03.2010 Circa 50 Schüler aus der 13 e Gi an der 13 e Ge hunn dëst Joer um 4ten Mathmathon 2010 am LTAM deelgeholl. Den Mathmarathon besteet doranner, dass Schüler 24 Stonne laang, schwiereg Mathesaufgaben, haaptsächlech 13e Examensfroën fir den gudde Zweck léisen. De ganze Marathon dauert 24 Stonnen, an der Zäit sollen souvill wie méiglesch Aufgaben geléist ginn. Dobäi kréien d’Schüler och Zäit fir an engem aneren Raum ze schlofen, iessen, drénken an raschten. Déi 50 Schüler sinn an Gruppen agedeelt ginn. Da kréien si Examensaufgaben aus de leschten puer Joer ze léisen.

Pages