Rammericher Fräschen
Rentrée 2015
De Jeff a seng Ekipp invitéieren Iech
Samsdes, den 19 September op de Fräschen hir Porte Ouverte.
Mir fänken um 14 Auer mam Programm un. Um 16 Auer gett et e klenge Patt an Dir hudd d'Méiglechkeet eise Grupp kennen ze léiren.
Mir freeën eis op Äre Besuch,
lénks Patt, d'Cheffenekipp
Nei Mailadresse
Alles Guddes am neie Joer!
Mir hoffen Dir haat e gudde Rutsch an daat neit Joer! =)
D'E-mailadresse vun de Fräschen huet geännert. Dir kennt ons elo op mail@fraeschen.lu Är Froen, Umeldungen oder einfach esou schreiwen.
Déi aal Adresse wärt no enger Zait net mei aktiv sinn.
Bis dese Samsden,
mat beschte Scoutsgréiss
Schein Féierdeeg
D'Fräschen wenschen jidferengem schein Féierdeeg an e gudde Rutsch an daat néit Joer.
Mir freeën ons Iech am Januar erem ze gesin =)
Chrëschtmaart an der Leekoll
Och dest Joer kennt dir d'Fräschen um Chrëschtmaart an der Leekoll, bei Martelange fannen.Mir verkaafen fir de Bauch Ennenzopp, Pannecher & Croque-Monsieur, an fir d'Aa schein Chrëschtdékoratioun déi vun de klenge Beaver, de Wëllef & der Troupe gebastelt goufen.De Chrëschtmaart fänkt Freides, den 5 Dezember um 19.00 Auer un a geet bis 23.00 Auer. Samsdes, den 6 Dezember vun 15.00 Auer bis 23.00 Auer, a Sonndes vun 11.00 Auer bis 18.00 Auer.
Mir freeën ons op äre Besuch an drenke gären e Glas Glühwein mat iech =)
1t Versammelung
D'Rammericher Fräschen fänken den 27 September 2014 daat nei Scoutsjoer un.
Dir fannt ons ewei emer zu Arsdorf an der aaler Schoul. D?Versammelung fänkt um 14.00 Auer un an geet bis 16.00.
Ons Entréesdier ass hannert dem Haus an si ass open fir jidfereen =)
Sollt Dir Froen hunn, dann zeckt net an rufft engem vun onse Cheffen un. All Responsabel fannt Dir an der Rubrik Kontakter.
Bis geschwenn
Mat beschte Scoutsgréiss,
Är Cheffenekipp